Visite vum neie MUSEE ‘Dräi Eechelen’

Villäicht haten verschiddener vun Iech schon d’Méiglechkeet fir de neie Musée Dräi Eechelen bei enger vun de ville Manifestatiounen déi zanter der Ouverture gebuede ginn, ze besichen.

Mir invitéieren Iech op eng Extra-Féierung mam Här Frank Reinert, dem Responsabelen vum neie Musée, bei där mir alles a Rou an am Détail kënne virgestallt kréien.

Sonndes Nomëttes, den 18. November 2012.
Rendez-vous um 14.15 Auer virun der Haaptentrée vun den Dräi Eechelen.
Ufank vun der Visite as um 14.30 Auer; Dauer: +/- 1,5 Stonnen.

Onkäschten: Eise Veräin iwerhëllt all d’Onkäschten.

Mellt Iech awer w.e.g. onbedéngt un iwert Tel. 46 22 33-1 oder per email: frenn@mnhn.lu bis spéitstens Freides, den 16. November um 10.00 Auer.

Virun der Visite besteet d’Méiglechkeet fir entweder an der Jugendherberg am Pafendall (+/- 10 €; reservéieren um Tel. 22 68 89 20) oder am natur musée (+/- 10 €; reservéieren um Tel. 462240-303) zu Mëtteg z’iessen. No der Visite, a bei guddem Wieder, bidd sech eng Wanderung iwert de Vauban’s-Circuit un, bei schlechtem Wieder eng Visite am Mudam.

Mat beschte Gréiss vum Comité
Catherine Faber, Präsidentin

Comments are closed.