Assemblée générale 2013

Léiw Frënn vum Natur musée
Chers Amis du Musée d’Histoire naturelle

Dir sidd ganz häerzlech invitéiert op

D’Generalversammlung vun onsem Veräin
Donneschdes, de 7.Mäerz 2013

Um 19.00 Auer an der Cafétéria vum natur musée am Gronn.

Programm:

  • Begréissung duerch d’Presidentin Catherine Faber
  • Rapport vun den Aktivitéiten vun 2012 mat der Sekretärin Geneviève Faber
  • Présentatioun vun de Finanzen vum Veräin duerch den Trésorier Jim Meisch
  • Bericht vun de Keesserevisorinnen Marianne Hoffmann an Rolande Staudt
  • Démissioun vun alle Comité’s-Memberen a Wiel vun neie Kandidaten fir an de Comité*
  • Présentatioun vum provisorësche Programm fir 2013

Anschliessend un d’Generalversammlung um 19.30 Auer:

Naturalistesch Biller-Konferenz iwert d’Kapverdesch Inselen mam Biolog Claude Meisch (Natur, Landschaften, Land a Leit)

A fir ofzeschléissen: Pot d’amitié mat e puer Kaverdianesche Spezialitéiten

Mat beschte Gréiss vum Comité.

Jim Meisch Trésorier
Catherine Faber
Presidentin Marc Bley Vizeprésident
Geneviève Faber Sekretärin
Fabienne Abens, Marianne Hurt, Claude Meisch,
Renée Noesen, Norbert Stomp, Corry Thys

* OPPRUFF FIR KANDIDATEN

fir an eise Comité vun de Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée d’Histoire Naturelle a.s.b.l.
Sidd Dir interesséiert fir an eisem Veräin matzehëllefen, flott Aktivitéiten, Visiten an Sortie’en mat eis zesummen ze plangen oder nei Iddien eran ze bréngen, da mellt Iech fir e Posten an eisem Comité bis spéitstens den 4. Mäerz 2013 per e-mail : frënn@mnhn.lu oder bei engem vun de Comité’s-Memberen.

Mir soen Iech am Viraus merci fir Ären Interessi an Är Matarbecht!

Comments are closed.