Invitatioun: Billerkonferenz Cap Vert

Léiw Frënn

pic1

Dir sidd ganz häerzlech invitéiert op eng Billerkonferenz mam Biolog Claude Meisch:

Voyage naturaliste aux îles du Cap-Vert

Donneschdes, de 7. Mäerz um 19.30 Auer
an der Cafétéria vum natur musée am Gronn

Wéi den Titel et seet, geet et ëm d’Landschaften, d’Natur an d’Leit um Cap-Vert, an och ëm d’Ënnerstëtzung vum Land duerch de lëtzebuerger Staat. De Claude Meisch weist Biller vu sénger Reess op dräi Inselen: Sal, Santiago mat der Haaptstad Praya a Fogo mam Vulkan. Dauer: 60 Minuten

No der Konferenz offréieren iech d’Frënn op e Patt mat e puer kapverdianësche Spezialitéiten. All Mënsch as häerzlech wëllkomm! Aus organisatorësche Grënn wire mir awer frou wann der iech géiwt umellen: 462233-1 oder frenn@mnhn.lu

Mat beschte Gréiss vum Comité

pic2

Comments are closed.