COTISATION 2019

Direkt am Ufank, losst eis Iech alles Guddes am neie Joer 2019 wënschen, e Joer voller Projetën an déi néideg Gesondheet a Portioun Gléck fir se ze réaliséieren.

Dir sidd scho lang, oder méi rezent eréischt Member bei eiser Associatioun, da wësst Dir dass Äre Beitrag eis erlabt vill flott Aktivitéiten, Sortieën a Reesen am Kader vum natur musée, séngen Ausstellungen a sénge wëssenschaftleche Spezialgebidder z’organiséieren. A mat eis sidd der ëmmer informéiert wat am natur musée leeft a bei all Vernissage dobäi.

Natirlech si mer och houfreg fir regelméisseg de natur musée ze stäipen wann et ëm méi komplizéiert Acquisitiounen geet.

Dofir gouw an der leschter  Assemblée générale festgehaal, de Beitrag fir 2019 liicht z’erhéigen:

  • 20 € fir 1 Persoun
  • 30 € fir 1 Persoun mat enger Begleetpersoun (gëllt fir all Aktivitéiten)

Mir wire frou wann Dir eis déi respektiv Zomm bis spéitstens den 1. Februar op eise Postscheckkonto géiwt iwwerweisen :

IBAN LU53 1111 0746 5259 0000 (CCPL)

Falls der schon iwwerwisen hutt, dann iwwerweist eis w.e.g. einfach dat wat feelt, no.

Ab dem 1. Mäerz 2019 ginn automatësch all Leit, déi weder 2018, nach 2019 eng Cotisatioun bezuelt, definitiv aus eisem Fichier geläscht. Dat betrëfft och Är Email-Adress.

Fir ëmmer 1 Dag méi fréi informéiert ze sinn, wat bei eis am Veräin an am natur musée leeft, schéckt einfach e Mail u frenn@mnhn.lu . Dat erspuert eis nët nëmmen Arbecht an Onkäschten, mee sou kënne mir Iech och spontan aktuell an interessant Matdeelunge maachen.

Fir weider Informatiounen, wend Iech w.e.g. un eist Sekretariat: frenn@mnhn.lu oder Telefon 462240-320.

Datum vun der Assemblée générale : 19. Mäerz 2019 am natur musée

Comments are closed.