COTISATION 2020

Direkt am Ufank, losst eis Iech alles Guddes am neie Joer 2020 wënschen, e Joer voller Projetën an déi néideg Gesondheet a Portioun Gléck fir se ze réaliséieren.

Dir sidd scho lang, oder méi rezent eréischt Member bei eiser Associatioun, da wësst Dir dass Äre Beitrag eis erlabt vill flott Aktivitéiten, Sortieën a Reesen am Kader vum natur musée, séngen Ausstellungen a sénge wëssenschaftleche Spezialgebidder z’organiséieren. A mat eis sidd der ëmmer informéiert wat am natur musée leeft a bei all Vernissage dobäi.

Natirlech si mer och houfreg fir regelméisseg de natur musée ze stäipen wann et ëm méi komplizéiert Acquisitiounen geet.

De Beitrag fir 2020 bleiwt:

  • 20 € fir 1 Persoun
  • 30 € fir 1 Persoun mat enger Begleetpersoun (gëllt fir all Aktivitéiten)

Mir wire frou wann Dir eis déi respektiv Zomm bis spéitstens den 1. Februar op eise Postscheckkonto géiwt iwwerweisen :

IBAN LU53 1111 0746 5259 0000 (CCPL)

Ab dem 1. Mäerz 2020 ginn automatësch all Leit, déi weder 2019, nach 2020 eng Cotisatioun bezuelt, definitiv aus eisem Fichier geläscht. Dat betrëfft och Är Email-Adress.

Fir ëmmer 1 Dag méi fréi informéiert ze sinn, wat bei eis am Veräin an am natur musée leeft, schéckt einfach e Mail u frenn@mnhn.lu . Dat erspuert eis nët nëmmen Arbecht an Onkäschten, mee sou kënne mir Iech och spontan aktuell an interessant Matdeelunge maachen.

Fir weider Informatiounen, wend Iech w.e.g. un eist Sekretariat: frenn@mnhn.lu oder Telefon 462240-320.

Den Datum vun der Assemblée générale kritt de nach matgedeelt …

Comments are closed.