Agenda

(den Agenda brauch e puer Sekonnen fir ze lueden)

Apr
2
Sun
Ausfluch an de Mariendall @ Mariendall
Apr 2 @ 10:00 – 17:30

Historësch- naturalistëschen Ausfluch an de Mariendall

Vill huet sech am Laaf vun de leschten Joerhonnerten a Joerzéngten verännert am Mariendall.
Aus der mëttelalterlecher Abtei fir Fraen – duerno engem Bauerenhaff, dann rëm engem Klouschter fir Männer, dertëscht bal zur Ruin verfall ier et dann vum Service national de la Jeunesse als Animatiouns-zentrum benotzt gouw – , ass elo leschte Summer, no ganz opwännegen Renovéierungsarbechten e neit a modernt Animatiounszentrum fir Jonker vum SNJ entstanen.
Nët nëmmen dass déi praktësch Räim elo modernsten Standardën entspriechen, och d’Restauratioun vun den historëschen Gebeier gouw vu Spezialisten duerchgefouert ënnert der Leedung vum Service des Sites et Monuments nationaux, wëssenschaftlech Recherchen goufen um ganze Site vum Musée national d’histoire et d‘art gemaach.

Programm:
  • 10.00 Auer: Rendez-vous um Parking vum Mariendall. (C.R. 105 tëscht Miersch a Bour)
    Visite guidée vum ganze Site mam Historiker Marc Schoellen, ënnert dem sénger Leedung och d’lescht Joer dat neit Buch iwwert de Mariendall: „Spurensuche in einer vielschichtigen Kulturlandschaft Luxemburgs“ am Optrag vum SNJ erauskoum.
  • 12.30 : Mëttegiessen am Restaurant vum Zentrum (eng Annexe vun der Jugendherberg Huelmes): Entrée, Haaptplat, Dessert (vegetarësch, mee op Wonsch och mat Fleesch an engem Pättchen Wäin)
  • 14.00 Auer: Naturalistësch Wanderung duerch de schéine Fréijoersbësch mat éischte Fréibléiher, iwwert d’Reiterlee, laanscht Fliehburgen an aner kulturgeschichtlech interessant Plazen. Onbedéngt gudd Wanderschong undoen, well et geet biergop a biergof iwwert onbefestegt Weeër. (max. 9 km)

Onkäschtebeitrag: 15 € (Iessen a Gedrénks abegraff) / 10 € fir Jonker bis 12 Joer

Sidd der interesséiert, mellt Iech w.e.g. un bis spéitstens Mëttwochs, den 29. Mäerz um 12.00 Auer
op frenn@mnhn.lu oder iwwert Telefon 462233-1
a gidd w.e.g. un ob der gär vegetarësch oder mat Fleesch iesst.

Nodeems der eng Confirmatioun krut, iwwerweist w.e.g. déi respektiv Zomm
op de Postscheckkonto vun de Frënn: IBAN LU53 1111 0746 5259 0000.
Merci villmols! Frëndschaftlech Gréiss

Jun
18
Sun
Visite Manternach – annulée @ Manternach
Jun 18 all-day

En raison de conflits de dates, l’activité n’aura pas lieu ….