Agenda

(den Agenda brauch e puer Sekonnen fir ze lueden)

Sep
30
Sun
Neien Datum !!!! – D’Antimon-Carrière vu Goesdorf an d’Koffergrouw vu Stolzembourg @ Carrière vu Goesdorf a Stolzembuerg
Sep 30 all-day

Neien Datum !

Schon zur Zäit vun de Kelten an duerno de Réimer wor Géisdrëff bekannt fir séng Erzgrouw, aus där haaptsächlech Antimon erausgefördert gouf. Antimon ass en zimmlech seelent Metall dat fréier an der Kosmetik, an der Alchemie an an der Medizin an nach fir vill aner Saache gebrauch gouf. Haut gët et nach gebraucht bei der Produktioun vun Accumulateuren.
Stolzebuerg ass och schon zanter méi wéi 500 Joer bekannt fir säi kofferräichen Ënnergrond. Vun +/- 1850 bis 1938 gouf hei Koffer a grousse Quantitéiten erausgeholl. An de läeschte Joeren gouf vill ënnerholl fir d’Carrière an hir interessant Geschicht fir de Public zougänglech ze maachen.

Zesumme mam Mineralog vum MNHN, dem Simon Philippo besiche mir déi 2 Minen a kréien interessant geologësch, historësch a mineralogësch Informatiounen zum Thema. Ënnerwee gët et och bestëmmt nach Interessantes aus Fauna a Flora z’entdecken.

Programm:
• Rendez-vous an Départ um 9.30 Auer op der Stater Gare (Parking Post)
• Zwëschestopp um 9.40 Auer zu Dummeldéng um Parking vun der Gare
• Zwëschestopp um 10.00 Auer zu Ettelbréck um Busarrêt virum Cape (Place Marie-Adelaïde)

Mëttegiessen am Restaurant Koeppe Jemp: Entweder:
• Menu 1: Waarme Geessekéis mat Lëtzebuerger Hunneg a frëscher Zalot
• Menu 2: Kniddele mat Bauerespeck, Rahm a frësche Kraider

• Retour zu Lëtzebuerg géing 18.00 Auer

Präis: 37 € (Transport, Féierungen, Entrée a Menu sec abegraff)

Umeldung, am léiwsten per email: frenn@mnhn.lu oder per Telefon 462240-320 bis spéitstens den 18. Abrëll.
Gitt bei der Umeldung onbedéngt un, wou der an de Bus eraklammt a wat fir e Menu der wëllt!

DEST ASS EN ERSATZ FIR DEN GEPLATZTEN AUSFLUCH VUM 22. ABRELL 2018.
PRIORITEIT HUN DEI LEIT DEI SCHON BEZUELT HATEN!!!

Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder frenn@mnhn.lu.

NET VERGIESSEN: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht

Oct
13
Sat
Michael Bensons’s Otherworlds, Visions of our Solar System @ natur musée
Oct 13 @ 16:50 – 22:30

Wéi all Joer, proposéieren d’Frënn Iech och dëst Joer e gefouerten Tour bei d’Highlights vun de Staater Muséeën. Dëst Joer fänke mir awer schon 1 Stonn méi fréi un, an zwar mam Vernissage vun der neier temporärer Ausstellung am natur musée:

Michael Bensons’s Otherworlds, Visions of our Solar System

eng Sammlung vu ronn 70 spektakulären Biller aus dem Weltall vum bekannte Fotograf a Künstler Michael Benson.

Programm:

16.50 Auer: Rendez-vous am Hall vum natur musée beim Buttik. Verdeelung vun de Bännercher.

17.00 Auer : Offizielle Vernissage vun der Ausstellung „Otherworlds“  (eng separat Invitatioun gët Iech och nach vum Musée zougeschéckt.)

Nom Eirewäin, iesse mir eng Klengechkeet an der Cafeteria. Zur Auswiel e puer passend Platën:

  • Velouté martien, Mars-Zopp (frësch préparéiert Tomatenzopp mat Rahm)
  • Quiche sélène, Mound-Quiche: Quiche mat Ënnen, Speck a Mozzarella
  • Pizza Sole, Sonnepizza : e Stéck Pizza mat Tomaten a Mozzarella

Vu 19.00 Auer un présentéiert de Claude Heidt, Ornitholog vum MNHN, interesséierte Leit e puer Vullen an der permanenter Ausstellung.
19.30 Auer: Départ fir an de Musée national d’histoire et d’art um Fëschmaart.
20.00 Auer: Visite guidée vun der ganz ausser-gewéinlecher Ausstellung  Art déco au Luxembourg  mat e lauter Stécker, déi zu Lëtzebuerg hirgestallt oder benotzt gi sinn, mat der Kommissärin Ulrike Degen.

21.00 Auer: Départ am MNHA fir weider an d’Villa Vauban
21.30 Auer: Visite guidée vun der Ausstellung: Confrontations. Dës Ausstellung wëll virun allem d’Leit virwerzeg maachen andeems se Biller mat änlechen Themen, mee  aus verschiddenen Epochen niewtenaner stellt a vergläicht. Flott Entdeckungen sinn z’erwaarden.

22.30 Auer: Ofschloss vum gemeinsame Programm

Nach vill weider flott Aktivitéiten ginn an dëser Nuecht ugebueden. Z. B. Fotosausstellung „Leit an der Stad“ am Luxembourg City Museum am Hellege Geescht, oder …..; Mat ärem Bändchen stinn Iech all Diiren op fir Iech dat Interessantst erauszesichen!

Präis vum Owend:
Bändchen, Iessen  an 1 Gedrénks, Extra-Féierungen um Fëschmaart an an der Villa Vauban: Erwuessen: 26 €;  Jugendlech vun 12-26: 19 €

Hutt Dir Loscht matzemaachen, da mellt Iech w.e.g. un per email: frënn@mnhn.lu bis spéitstens Mëttwochs, den 10.Oktober a gitt w.e.g. un, 

  1. zu wéivill der sidd,
  2. wat dir iesse wëllt : (Zopp, Quiche oder Pizza)

 (Max. 25 Pers.; nëmmen Mëmberen) 

Nodeems der ugeholl sidd, iwwerweist w.e.g. déi respektiv Zomm op de
Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée IBAN LU53 1111 0746 5259 0000
bis spéitstens Donneschdes, den 11. Oktober.

 Mat beschte Gréiss vum ganze Comité

Nov
4
Sun
Op de Spuren vum Grof Pierre-Ernest de Mansfeld a séngem Schlass a Clausen @ Château de Mansfeld
Nov 4 @ 14:00 – 16:30

D’Frënn vum natur musée sinn häerzlech invitéiert op eng gefouert Visite vun den Ruinen vum Mansfeld-Schlass a Clausen mam
Historiker Jean-Luc Mousset, President vun den Amis du Château de Mansfeld a fréiere Conservateur am MNHA.

D’Schlass dat de Grof Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604), Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, sech a Clausen mam Numm “La Fontaine” opriichten gelooss hat, wor an der demoleger  Zäit e ganz impressionanten an bedeitenden Domaine. Mee no knapps engem halwe Jorhonnert wor et schon eriwwer mat der Herrlechkeet. Iwwer Jorhonnerten ass et ëmmer méi verfall bis zum Schluss nach just e puer zougewuesse Ruinen ze gesi woren. A leschter Minut konnten si virum Vergiess gerett ginn.

Zu wat déi Ruinen, déi lo frësch fräi geluegt goufen fréier emol gehéiert hun, wéi dat Schlass do louch, wéi grouss et wor et wéi bedeitend, dat erzielt a weist eis den Historiker Jean-Luc Mousset bei enger interessanter Promenad vum Musée vun den 3 Eechelen bis erof a Clausen.

Rendez-vous um 14.00 Auer an der Entrée vum Musée 3 Eechelen um Kierchbierg

No enger kuerzer Aféierung mat Hëllef vun der Ausstellung, maache mir eis zu Fouss duerch de Bësch erof a Clausen wou mer dann och e Bléck hannert d’Chantiersplane werfen. Schluss wäert géint 16.30 Auer sinn. Onbedéngt déck a fest Schon undinn!

Präiss pro Persoun: 5 €

Sidd der interesséiert, da mellt Iech w.e.g. un per mail op frenn@mnhn.lu oder per Telefon 462233-1 bis spéitstens den 29. Oktober, an iwwerweist duerno d’Suen op de Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée IBAN LU53 1111 0746 5259 0000

Mar
19
Tue
Generalversammlung 2019 @ naturmusée
Mar 19 @ 18:00 – 21:30

Dir sidd ganz häerzlech invitéiert op

d‘Generalversammlung vun onsem Veräin

Dënschdes, den 19.Mäerz 201

18.00 Auer an der Cafétéria vum natur musée am Gronn

Programm:

Begréissung duerch d’Präsidentin Catherine Faber.

Rapport vun den Aktivitéiten vun 2018 mat der Sekretärin Geneviève Faber :

Présentatioun vun de Finanzen mam Trésorier Jim Meisch

Bericht vun de Keesserevisorinnen Marianne Hoffmann an Rolande Staudt

Démissioun vun alle Comité’s-Memberen a Wiel vun neie Kandidaten*

Présentatioun vum provisorësche Programm fir 2019

Fräi Aussprooch beim Pot d‘amitié

 

Anschliessend um 19.00 Auer:

Naturalistesch Biller-Konferenz iwwert Island
mam  Biolog Jean-Marie Mangen

An der Freed Iech erëm ze gesin a mat beschte Gréiss vum Comité.

 

*OPPRUFF FIR KANDIDATEN

Sidd Dir interesséiert fir an eisem Veräin matzehëllefen, flott Aktivitéiten, Visiten an Sortieën mat eis zesummen ze plangen oder nei Iddien eran ze bréngen,  da mellt Iech fir e Posten an eisem Comité  bis spéitstens den 1.Mäerz 2019 per e-mail : frenn@mnhn.lu  oder bei engem vun de Comité’s-Memberen.

 

Apr
2
Tue
Am Spigel vum Klimawandel
Apr 2 @ 19:30 – 21:00

Eng fotografesch Rees op Spitzbergen mam Eilo Elvinger

Eilo Elvinger

Wildlife Photographer of the Year 2017

Ours polaire by Eilo Elvinger

 

D‘Frënn vum natur musée invitéieren all hir Memberen op eng Konferenz mat herrleche Biller vun der lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger déi si bei enger vun hire Reesen an d‘Arktis realiséiert huet.

Perséinlech setzt si sech an fir d’NGO Friendship Luxembourg an hirt Honorar vum Owend geet och un déi Vereenegung.

Fräiën Entrée, mee obligatorësch Umellung, entweder op frenn@mnhn.lu oder Telefon 46 22 40-321 (Sekretariat)

Jun
16
Sun
Lëtzebuerger Militärgeschicht, am Musée an um Terrain @ Militärmusée
Jun 16 @ 10:00 – 17:00

Mir hunn eis geduecht, mit kuccke mol iwwert eisen Tellerrand ëwech amaachne eng Visite vum Militärmusée vun Dikrech – Musée national d’histoire militaire de Diekirch 

Lëtzebuerger Militärgeschicht, am Musée an um Terrain.

Sonndes, de 16. Juni 2019

Militär-Musée

Programm:

10h00: RDV am Musée
10h15-12h00: Visite guidée duerch nei temporär Expo „Doughboys zu Lëtzebuerg 1918“
12h00-14h00: Iessen Restaurant Um Grill
14h00: Départ mam Bus op Wallendorf
14h15-16h00: Op de Spueren vum Krich: klengen historeschen Tour duerch dat däitschlëtzebuergesch Grenzduerf Wallendorf (Bréck) am Kontext vum 2ten Weltkrich an Ardennenoffensif am Uschloss Visit vun aneren Siten um Wee fir zreck.
16h00: Retour op Dikrech

INFO: de Musée huet keng Parkplazen fir de Public, öffentlechen Parking op der Parking Kluuster (bei der grousser Kierch) oder Parking sous-terrain «Esplanade». 400 Meter bis bei
de Musée.

The Doughboys in Luxembourg 1918/19

D’Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’U.S. Army am September 1944 ass omnipräsent an der Lëtzebuergescher Erënnerungskultur. Manner bekannt bleift dogéint déi éischt Liberatioun
vum Grand-Duché duerch amerikanesch Zaldote – déi vun 1918. No véier Joer Occupatioun hunn déi däitsch Truppe Lëtzebuerg nom Armistice vum 11. November 1918 verloosse mussen.
No hirem Réckzuch sinn dunn d’Arméie vun der Entente nogeréckt. D’Zaldote vun den American Expeditionary Forces (A.E.F.) goufen doduercher als éischt vun der lëtzebuerger
Populatioun als Befreier empfaangen. Zwou Infanterie-Divisiounen (déi 33. an déi 5.) sollten am Endeffekt en verlängerten Openthalt am Grand-Duché hunn, dëst verbonne mat hirer
Missioun, d’Versuergungslinne vun der néi gegrënnter Army of Occupation an Däitschland ze halen. Dës Ausstellung zielt d’Geschicht vun den amerikaneschen Zaldoten zu Lëtzebuerg an vun hierem Zesummeliewe mat de Lëtzebuerger.

 Iessen am Restaurant zu Dikrech  (op eege Käschten)

 Ofschloss géint 17.00 Auer 

Präis: 15 € (Entrée an de Musée, Féierungen am Musée an um Terrain an Transport)

Umeldung, dës Kéier just um Telefon:

462233-400  bis spéitstens den 12. Juni 2019. (max. 20 Persounen).

No Ärer Umeldung, iwwerweist eis w.e.g. d’Geld op eise Postscheck (IBAN LU53 1111 0746 5259 0000).

 

Mat beschte Gréiss vum Comité

Aug
17
Sat
Schofswanderung mat der Schéiferei Weber @ A définir
Aug 17 @ 07:00 – 08:00

Schofswanderung mat der Schéiferei Weber

Samschdes, de 17. August 2019 um 7.00 Auer moies.

D’Schéiferei Weber ass mat hire 700 Mammeschof een vun de gréisste Schofsbetriber, an de leschte landwirtschaftlechen Zuchtbetriber vu Schof (op eng natierlech Aart a Weis) hei zu Lëtzebuerg. De Florian Weber wandert mat sénge Schof queesch duerch d’Land.

2019 kruten hien a séng Frau Myriam fir hiren onermiddlechen Asatz am Déngscht vum Naturschutz de Präis Hëllef fir d’Natur vum Kultur- a vum Ëmweltministère

Hutt der Loscht bei dëser Schofswanderung dobäi ze sinn, mellt Iech w.e.g. un per Mail: frenn@mnhn.lu oder um Telefon 621 59 60 65 (G.Faber, Sekretärin) bis spéitstens Dënschdes, den 13. August.  All Leit déi sech zur Zäit ugemellt hun, kréien Donneschdes virdrun all néideg Informatiounen matgedeelt! (och méiglech Fahrgemeinschaften)

Präis: 10 € pro Persoun, z’iwwerweisen op de Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle

 


Mitteilungen der Schäferei Weber betreffend der Wanderung
Bei den Schafen gibt es allgemeine Informationen zum Verhalten der Tiere und Verhaltensregeln ihnen gegenüber. Wir weisen auf Besonderheiten und Schwierigkeiten hin, die uns unterwegs begegnen könnten. Von der Weide aus werden die Schafe dann gemeinsam mit unseren Hunden zum nächsten Biotop getrieben.
Jeder ist gebeten eigene Getränke für die Wanderung vorzusehen.
Datum & Uhrzeit: Samstag, der 17. August 2019, morgens um 7.00 Uhr (die Wanderung dauert einen halben Tag)
Treffpunkt: 
Der genaue Treffpunkt wird Ihnen ein paar Tage im Voraus mitgeteilt, per Telefon (SMS) oder Mail. Gegebenenfalls erhalten Sie auch eine Karte zwecks besseren Auffindens.
Strecke:
Da aktuell noch nicht gewusst ist, wo sich die Herde befinden wird, können Details zur Strecke ebenfalls erst einige Tage vor dem Wandertag mitgeteilt werden. (+/- 7 km)
Kleider & Schuhwerk:
Passen Sie Ihre Kleidung den Wetterkonditionen an. Festes Schuhwerk ist ein Muss. Lange Hosen sind auch an einem heißen Tag von Vorteil. Wechselkleidung kann mitgebracht werden.
Allgemein:
Die Dynamik einer 250-köpfigen Schafherde ist nicht zu unterschätzen. Wir möchten Sie deshalb darauf hinweisen, dass die Arbeit mit den Schafen eine gewisse körperliche Fitness voraussetzt. Die Wanderungen sind demnach nur bedingt für Kleinkinder geeignet. Die Route ist höchstwahrscheinlich nicht für Kinderwagen geeignet.
Eigene Hunde:
Ihren eigenen Hund können Sie leider für die Wanderung mit den Schafen nicht mitbringen.
Teilnehmer-Anzahl: 
Die Teilnehmerzahl ist auf 25 Gäste limitiert.

 

Oct
8
Tue
Science Tuesday @ natur musée
Oct 8 @ 18:30 – 20:30

Mir wollten iech drop hiweisen, dass dësen Dënschden, den 8. Oktober rëm SCIENCE TUESDAY am natur musée as.

Op eng flott a locker Art a Weis gi wëssenschaftlech Zesummenhäng a Phänomener einfach a verständlech erklärt.

Dësen Dënschden um 18.30 Auer: Upassung: ënner Drock iwwerliewen

 

D’Laura Daco, Fuerscherin an der Botanik am MNHN, erklärt wéi d’Organismen sech un hirt Ëmfeld upassen a wéi si an extreme Konditiounen iwwerliewe kënnen.

D’Methoden déi benotzt gi fir Upassung ze studéieren, ginn anhand vu wëssenschaftlechen Arbechten illustréiert, déi am Musée ausgeféiert ginn. Uschléissend un de Virtrag ass eng Féierung duerch de Musée mat verschiddene Beispiller vun Adaptatiounen.

Fräien Entrée / keng Umellung néideg

Oct
10
Thu
Vernissage “Geckeg Vullen” @ natur musée
Oct 10 @ 17:30 – 20:30

Verpasst nët de Rendez-vous: Dësen Donneschden 10. Oktober um 17.30 Auer geet déi grouss nei Ausstellung „GECKEG VULLEN“ offiziell am natur musée op.

All Frënn vum natur musée goufen häerzlech vum Musée invitéiert!

Vergiesst nët iech unzemellen um Tel 46 22 33-1 .

Parkplazen gët et am Gronn keng, mee Bus (23) an Zuch si nët wäit ewech!

 

Oct
12
Sat
Nuit des Musée @ Stater Muséen
Oct 12 @ 18:00 – Oct 13 @ 01:00

Ab 18.00 Auer geet et lass mat Féierungen, Concerten, Animatiounen, Iessen, Gedrénks a Partystëmmung an alle Staater Muséeën:

Villa Vauban an Lëtzebuerg City Museum, Casino, Konscht- a Geschichtsmusée um Fëschmaart, natur musée am Gronn, Mudam an Musée 3Eechelen um Kirchbierg,

an dat bis 1.00 Auer moies.

Sou vill ganz verschidde Manifestatiounen gi gebueden, dass et eis dës Kéier onméiglech wor fir e gemeinsame Programm fir d’Frënn zesummen ze stellen.

Kuckt Iech einfach de Programm un, jugéiert selwer wat Iech am meeschten zouseet, a maacht Iech op den Tour!

Dëst Joer gët et, am Billet dran a ganz nei, d’Méiglechkeet fir mam klenge gréngen Zichelchen an de Gronn ze kommen, an och rëm eraus!