Agenda

(den Agenda brauch e puer Sekonnen fir ze lueden)

Aug
12
Sat
Stäreschnäizen, Laurentiustréinen, étoiles filantes, Sternschnuppen @ Donatuskapell tëscht Beidweiler an Eschweiler
Aug 12 @ 22:00

Stäreschnäizen, Laurentiustréinen, étoiles filantes, Sternschnuppen

Invitatioun op eng Ëffentlech Observatioun

mat der Section Géo/Astrophysique vum natur musée, den Amateurastronomen an de Frënn vum natur musée

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2017 si se erëm ze gesinn: Stäreschnäizen, Koméitestëbs, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi kuerzzäiteg opliicht.

Si schéngen aus dem Stärebild PERSEUS ze kommen an heeschen duerfir PERSEIDEN. Si hunn awer näischt mat de Stären ze dinn. De Stëbs kënnt vum Koméit 109P SWIFT-TUTTLE, eng grouss Äisklatz mat vill Stëbs a Gas. Op sengem Wee bei d’Sonn gëtt en erwiermt  a fänkt u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hie niewent Waasser a  Gas och Stëbs, deen dann um Orbit erhale bleift. All Joer, am August, kräizt eis Äerd dem Koméit seng Bunn, de Stëbs geréit mat 70 km/s an eis Atmosphär a vergléit duerch d´Reiwung. Ass emol e gréissere Stëbskär derbäi, da gesi mir e Feierball, e sougenannte BOLID am Himmel.

Mir kucken eis awer och d´Stären an déi siichtbar Planéiten un.

Rendez-vous fir déi ëffentlech Observatioun fir Grouss a Kleng bei der Donatuskapell tëscht Beidweiler an Eschweiler (op der Kopp nieft dem Waassertuerm, N49.72284 E6.30441) bei Jonglënster.

Opgepasst : Op de Site kommt Dir nëmme vu Beidweiler erbäi. Vun Eschweiler erbäi ass d’Strooss gespaart.

(Iechternacher Strooss E29 à zu Grolënster N14 Richtung Beidweiler à zu Beidweiler CR129, rue d’Eschweiler)

Ob d’Aktivitéit definitiv stattfënnt, steet de selwechten Dag vu 15.00 Auer un op mnhn.lu respektiv um Facebook vum Musée @naturmuseelux .

Sou e Naturspektakel ka ganz laang daueren, dofir si waarm Kleedung, Gedrénks, e Klapp- oder Ligestull ganz praktesch. Zousätzlech Teleskope si wëllkomm !!!

Keng Umellung néideg!

Op eng flott Perseidenuecht!

Sep
17
Sun
Naturmuséesfest fir d’ganz Famill @ am Gronn
Sep 17 all-day
Oct
14
Sat
Nuit des musées @ Entrées-Dir vum Mudam
Oct 14 @ 18:00 – 23:00

Nuit

Léif Frënn
Wann ee Loscht op e flotten Owend mat Kultur an Animatioun am Kreess vu Frënn huet, dann as d’Nuit des Musées en Evènement dat een einfach nët dierf verpassen.
Wéi all Joer proposéiere mir e gemeinsamen Tour duerch e puer flott Ausstellungen déi mir aus dem grousse Programm erausgewielt hun.

Programm:
Rendez-vous um 18.00 Auer virun der Entrées-Dir vum Mudam

18.15 Auer: Visite vun den Ausstellungen „Hard to picture – a Tribute to Ad Reinhardt“ mat Zeechnungen vum amerikanësche Moler(bekannt fir séng radikal Zeechnungen aus de 50er an 60er Joeren mat deels makabrem Humor) a moderne Künstler zu deene selwechten Themen an duerno „SU MEI TSE nested“, enger weltbekannter lëtzebuerger Künstlerin däer hir Arbechten sech ëm Froen no Zäit, Erënnerungen, Rhythmus, Identitéit an d’Sprooch dréien.

19.00 Auer: Musée 3 Eechelen: Visite guidée vun ganz neier Ausstellung „300 Jahre Maria Theresia“ mam déléguéierten Direkter Frank Reinert

20.00 Auer: Mir fueren zesummen mat der Bus Navette vum Kierchbierg an d’Stad „Arrêt Hällepull“

20.30 Auer: Zur Stäerkung loosse mir eis iwwerraschen mat engem flotten Teller mat engem Pättchen Wäin (normal oder vegetarësch) am Restaurant Ca(fé)sino am Casino

21.30 Auer: Départ zu Fouss am Casino fir an den Lëtzebuerg City Museum

21.45 Auer: Lëtzebuerg City Museum: Visite guidée vun der Ausstellung „The Luxembourg Story – Über 1.000 Jahre Stadtgeschichte“, der neier permanenter Ausstellung déi ¨déi am Mee 2017 opgaang ass.

Um 23.00 Auer ass Schluss vun eisem gemeinsame Programm mee d’Muséeën bidden nach bis 1 Auer vill flott Saachen un, wéi z. B. Fado Gesang am Musée national d’histoire et d’art um Fëschmaart (23.00) oder eng a Reimen gedichte Visite vum natur musée (23.30), coups de coeur a Musek.

Präis: Erwuessen: 33 €; Jugendlech vun 12-26: 26 €

Hutt Dir Loscht matzemaachen, da mellt Iech w.e.g. un per email: frënn@mnhn.lu

bis spéitstens Mëttwochs, den 11.Oktober a gitt w.e.g. un,

1. zu wéivill der sidd,
2. wat dir iesse wëllt (normal oder vegetarësch)
(Max. 25 Pers.; nëmmen Mëmberen)

Nodeems der ugeholl sidd, iwwerweist w.e.g. déi respektiv Zomm
op de Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée
IBAN LU53 1111 0746 5259 0000
bis spéitstens Donneschdes, den 12. Oktober.

Mat beschte Gréiss vum ganze Comité
Geneviève Faber, Sekretärin

Mar
8
Thu
Assemblée générale @ naturmusée
Mar 8 @ 18:30 – 20:45

Dir sidd ganz häerzlech invitéiert op

d‘Generalversammlung vun onsem Veräin

Donneschdes, den 8. Mäerz 2018

Um 18.00 Auer an der Cafétéria vum natur musée am Gronn.

Programm:

  • Begréissung duerch d’Präsidentin Catherine Faber.
  • Rapport vun den Aktivitéiten vun 2017 mat der Sekretärin Geneviève Faber :
  • Présentatioun vun de Finanzen mam Trésorier Jim Meisch
  • Bericht vun de Keesserevisorinnen Marianne Hoffmann an Rolande Staudt
  • Démissioun vun alle Comité’s-Memberen a Wiel vun neie Kandidaten*
  • Festleeën vun der Cotisatioun fir 2019
  • Présentatioun vum provisorësche Programm fir 2018

 

Anschliessend un d’Generalversammlung um 18.30 Auer:

Naturalistesch Biller-Konferenz
vun de Lëtzebuerger NaturFoto-Frënn
iwwert d’Baggerweieren bei Remerschen

mam Roland Felten

Pot de l’amitié

 

*OPPRUFF FIR KANDIDATEN

 fir an eise Comité vun de Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée d’Histoire Naturelle a.s.b.l.

Sidd Dir interesséiert fir an eisem Veräin matzehëllefen, flott Aktivitéiten, Visiten an Sortie’en mat eis zesummen ze plangen oder nei Iddien eran ze bréngen,  da mellt Iech fir e Posten an eisem Comité  bis spéitstens den 7. Mäerz 2018 per e-mail : frenn@mnhn.lu  oder bei engem vun de Comité’s-Memberen

Mir soen Iech am Viraus merci fir Ären Interessi an Är Matarbecht!

Courrier un Iech vun eis: per E-Mail an/oder Post

Mir hun et schon e puer mol probéiert; elo wëlle mir et definitiv wëssen:

  • Wëllt Dir weiderhin all Informatiounen an Invitatiounen fir Aktivitéiten per Post kréien,
  • oder hätt Dir léiwer wann déi meescht Manifestatiounen Iech per E-Mail matgedeelt géifen?

Mellt Iech per email op frenn@mnhn.lu wann Der léiwer (bal) alles per E-Mail hätt.

Wann der Iech nët mellt, bleiwt alles beim Alen!

COTISATIOUN (a Memberskaart)

Bei alle Memberen, déi hir Cotisatioun fir 2018 scho bezuelt hun, läit d’Käertchen an dësem Courrier dobäi (ausser Dir hutt d’lescht Woch eréischt bezuelt; da kënnt se no).

Villäicht gehéiert Dir awer och zu deenen Memberen, déi hir Cotisatioun nëmmen onregelméisseg bezuelen. Falls der un eisen Aktivitéiten interesséiert sidd, ass dat nët ganz fair.

Mir bieden Iech dofir Äre Beitrag fir dëst Joer sou séier wéi méiglech ze bezuelen, soss kënne mir Iech an Zukunft näischt méi matdeelen (weder per Post, nach per E-Mail).

 

Mar
22
Thu
Kasematten an Carrièren @ naturmusée
Mar 22 @ 19:30
Kasematten-Bergwerke_Flyer
Auf Spurensuche in LUXEMBURG
Die neue bildgewaltige Multivision von JÉRÔME KONEN

KASEMATTEN & BERGWERKE

Der erste Teil der Live-Show gibt Einblick in die faszinierende Unterwelt der militärischen Bollwerke der Festungsstadt Luxemburg, die damals nicht umsonst den Beinamen „Gibraltar des
Nordens“ erhielt. Eine spannende Entdeckungsreise durch das bedrückende Ambiente der unterirdischen Wehranlagen in zuvor noch nie gesehenen Bildern.

Der zweite Teil nimmt den Zuschauer mit auf eine spannende Reise tief unter die Erde, wo neben Eisenerz auch Kupfer, Blei, Antimon, Schiefer, Dolomit und Gips abgebaut wurden.
Gespräche mit Zeitzeugen und die überaus spektakulären Fotos, die bei der nicht ungefährlichen Erforschung entstanden sind lassen diese vergessenen Welten der luxemburgischen Industriegeschichte wieder lebendig werden.

Freier Eintritt nur mit Reservierung unter: frenn@mnhn.lu . Weitere Infos unter: 462240-320

Die gleichnamigen Bestseller können vor Ort signiert erworben werden!

Mar
25
Sun
Visite vun de Kasematte vum Fort Berlaimont a Fort Lambert @ Klénge Rond-point virun der Entrée vun der Fondation Pescatore
Mar 25 @ 14:30 – 16:30

Am Kader vun der Année Européenne du Patrimoine invitéieren d’Frënn vum natur musée

Op eng Visite vun de Kasematte vum Fort Berlaimont a Fort Lambert

eng historesch spannend Tour op de Spuere vun der Festungszäit an der Stad Lëtzebuerg.

Besichtegung zesumme mat den Auteure vum Buch “KASEMATTEN – Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg”: Jérôme Konen a Romain Schaus.
Weidere Guide vun de Frënn vun der Festungsgeschicht (FFGL) ass de Patrick Schaul.

Ufank: 14h30 ; Dauer: ca. 3 Stonnen

Rendez-vous: Klénge Rond-point virun der Entrée vun der Fondation Pescatore

Programm:
– Erklärungen um Terrain zu der Belagerung vun 1684
– Visite duerch d’Kasematte vum Fort Berlaimont
– Gëtt et déi mysteriéis Verbindung aus dem Souterrain an d’Fondation Pescatore wierklech?
– Weider duerch de Park laanscht de Réduit vum Fort Louvigny
– Erklärungen zu dem Fort Lambert
– Visite duerch d’Kasematte vum Fort Lambert

Präis: 6,00 EURO ; op der Plaz boer ze bezuelen!

Umeldung: Well d’Plaze begrenzt sinn, mellt Iech w.e.g. onbedéngt un
per mail: frenn@mnhn.lu oder per Telefon: 462233-1 bis spéitstens Donneschdes, den 22. Mäerz.

Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder frenn@mnhn.lu.
NET VERGIESSEN: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht

Jul
6
Fri
Den Owend vun de Frënn – Save the Date @ naturmusée
Jul 6 @ 19:00 – 23:00

Reservéiert Iech elo schon de Freiden Owend, 6. Juli 2018!

 No enger flotter Dschungelnuecht 2016, engem Owend bei Loschbours 2017, fënd eis Soirée, exklusiv fir d’Frënn vum natur musée, dëst Joer ënnert dem Motto “Expected and unexpected treasures of Luxembourg” statt.

Eng offiziell Invitatioun mat weideren Détailer kritt der an de nächsten Deeg per Post zougeschéckt.

Just eppes siew elo scho veroden:

Et ass just fir Memberen, déi hir Cotisatioun 2018 bezuehlt hun! Deemno, avis aux amateurs villäicht eppes nozehuelen.

Sep
30
Sun
Neien Datum !!!! – D’Antimon-Carrière vu Goesdorf an d’Koffergrouw vu Stolzembourg @ Carrière vu Goesdorf a Stolzembuerg
Sep 30 all-day

Neien Datum !

Schon zur Zäit vun de Kelten an duerno de Réimer wor Géisdrëff bekannt fir séng Erzgrouw, aus där haaptsächlech Antimon erausgefördert gouf. Antimon ass en zimmlech seelent Metall dat fréier an der Kosmetik, an der Alchemie an an der Medizin an nach fir vill aner Saache gebrauch gouf. Haut gët et nach gebraucht bei der Produktioun vun Accumulateuren.
Stolzebuerg ass och schon zanter méi wéi 500 Joer bekannt fir säi kofferräichen Ënnergrond. Vun +/- 1850 bis 1938 gouf hei Koffer a grousse Quantitéiten erausgeholl. An de läeschte Joeren gouf vill ënnerholl fir d’Carrière an hir interessant Geschicht fir de Public zougänglech ze maachen.

Zesumme mam Mineralog vum MNHN, dem Simon Philippo besiche mir déi 2 Minen a kréien interessant geologësch, historësch a mineralogësch Informatiounen zum Thema. Ënnerwee gët et och bestëmmt nach Interessantes aus Fauna a Flora z’entdecken.

Programm:
• Rendez-vous an Départ um 9.30 Auer op der Stater Gare (Parking Post)
• Zwëschestopp um 9.40 Auer zu Dummeldéng um Parking vun der Gare
• Zwëschestopp um 10.00 Auer zu Ettelbréck um Busarrêt virum Cape (Place Marie-Adelaïde)

Mëttegiessen am Restaurant Koeppe Jemp: Entweder:
• Menu 1: Waarme Geessekéis mat Lëtzebuerger Hunneg a frëscher Zalot
• Menu 2: Kniddele mat Bauerespeck, Rahm a frësche Kraider

• Retour zu Lëtzebuerg géing 18.00 Auer

Präis: 37 € (Transport, Féierungen, Entrée a Menu sec abegraff)

Umeldung, am léiwsten per email: frenn@mnhn.lu oder per Telefon 462240-320 bis spéitstens den 18. Abrëll.
Gitt bei der Umeldung onbedéngt un, wou der an de Bus eraklammt a wat fir e Menu der wëllt!

DEST ASS EN ERSATZ FIR DEN GEPLATZTEN AUSFLUCH VUM 22. ABRELL 2018.
PRIORITEIT HUN DEI LEIT DEI SCHON BEZUELT HATEN!!!

Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder frenn@mnhn.lu.

NET VERGIESSEN: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht

Oct
13
Sat
Michael Bensons’s Otherworlds, Visions of our Solar System @ natur musée
Oct 13 @ 16:50 – 22:30

Wéi all Joer, proposéieren d’Frënn Iech och dëst Joer e gefouerten Tour bei d’Highlights vun de Staater Muséeën. Dëst Joer fänke mir awer schon 1 Stonn méi fréi un, an zwar mam Vernissage vun der neier temporärer Ausstellung am natur musée:

Michael Bensons’s Otherworlds, Visions of our Solar System

eng Sammlung vu ronn 70 spektakulären Biller aus dem Weltall vum bekannte Fotograf a Künstler Michael Benson.

Programm:

16.50 Auer: Rendez-vous am Hall vum natur musée beim Buttik. Verdeelung vun de Bännercher.

17.00 Auer : Offizielle Vernissage vun der Ausstellung „Otherworlds“  (eng separat Invitatioun gët Iech och nach vum Musée zougeschéckt.)

Nom Eirewäin, iesse mir eng Klengechkeet an der Cafeteria. Zur Auswiel e puer passend Platën:

  • Velouté martien, Mars-Zopp (frësch préparéiert Tomatenzopp mat Rahm)
  • Quiche sélène, Mound-Quiche: Quiche mat Ënnen, Speck a Mozzarella
  • Pizza Sole, Sonnepizza : e Stéck Pizza mat Tomaten a Mozzarella

Vu 19.00 Auer un présentéiert de Claude Heidt, Ornitholog vum MNHN, interesséierte Leit e puer Vullen an der permanenter Ausstellung.
19.30 Auer: Départ fir an de Musée national d’histoire et d’art um Fëschmaart.
20.00 Auer: Visite guidée vun der ganz ausser-gewéinlecher Ausstellung  Art déco au Luxembourg  mat e lauter Stécker, déi zu Lëtzebuerg hirgestallt oder benotzt gi sinn, mat der Kommissärin Ulrike Degen.

21.00 Auer: Départ am MNHA fir weider an d’Villa Vauban
21.30 Auer: Visite guidée vun der Ausstellung: Confrontations. Dës Ausstellung wëll virun allem d’Leit virwerzeg maachen andeems se Biller mat änlechen Themen, mee  aus verschiddenen Epochen niewtenaner stellt a vergläicht. Flott Entdeckungen sinn z’erwaarden.

22.30 Auer: Ofschloss vum gemeinsame Programm

Nach vill weider flott Aktivitéiten ginn an dëser Nuecht ugebueden. Z. B. Fotosausstellung „Leit an der Stad“ am Luxembourg City Museum am Hellege Geescht, oder …..; Mat ärem Bändchen stinn Iech all Diiren op fir Iech dat Interessantst erauszesichen!

Präis vum Owend:
Bändchen, Iessen  an 1 Gedrénks, Extra-Féierungen um Fëschmaart an an der Villa Vauban: Erwuessen: 26 €;  Jugendlech vun 12-26: 19 €

Hutt Dir Loscht matzemaachen, da mellt Iech w.e.g. un per email: frënn@mnhn.lu bis spéitstens Mëttwochs, den 10.Oktober a gitt w.e.g. un, 

  1. zu wéivill der sidd,
  2. wat dir iesse wëllt : (Zopp, Quiche oder Pizza)

 (Max. 25 Pers.; nëmmen Mëmberen) 

Nodeems der ugeholl sidd, iwwerweist w.e.g. déi respektiv Zomm op de
Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée IBAN LU53 1111 0746 5259 0000
bis spéitstens Donneschdes, den 11. Oktober.

 Mat beschte Gréiss vum ganze Comité

Nov
4
Sun
Op de Spuren vum Grof Pierre-Ernest de Mansfeld a séngem Schlass a Clausen @ Château de Mansfeld
Nov 4 @ 14:00 – 16:30

D’Frënn vum natur musée sinn häerzlech invitéiert op eng gefouert Visite vun den Ruinen vum Mansfeld-Schlass a Clausen mam
Historiker Jean-Luc Mousset, President vun den Amis du Château de Mansfeld a fréiere Conservateur am MNHA.

D’Schlass dat de Grof Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604), Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, sech a Clausen mam Numm “La Fontaine” opriichten gelooss hat, wor an der demoleger  Zäit e ganz impressionanten an bedeitenden Domaine. Mee no knapps engem halwe Jorhonnert wor et schon eriwwer mat der Herrlechkeet. Iwwer Jorhonnerten ass et ëmmer méi verfall bis zum Schluss nach just e puer zougewuesse Ruinen ze gesi woren. A leschter Minut konnten si virum Vergiess gerett ginn.

Zu wat déi Ruinen, déi lo frësch fräi geluegt goufen fréier emol gehéiert hun, wéi dat Schlass do louch, wéi grouss et wor et wéi bedeitend, dat erzielt a weist eis den Historiker Jean-Luc Mousset bei enger interessanter Promenad vum Musée vun den 3 Eechelen bis erof a Clausen.

Rendez-vous um 14.00 Auer an der Entrée vum Musée 3 Eechelen um Kierchbierg

No enger kuerzer Aféierung mat Hëllef vun der Ausstellung, maache mir eis zu Fouss duerch de Bësch erof a Clausen wou mer dann och e Bléck hannert d’Chantiersplane werfen. Schluss wäert géint 16.30 Auer sinn. Onbedéngt déck a fest Schon undinn!

Präiss pro Persoun: 5 €

Sidd der interesséiert, da mellt Iech w.e.g. un per mail op frenn@mnhn.lu oder per Telefon 462233-1 bis spéitstens den 29. Oktober, an iwwerweist duerno d’Suen op de Postscheckkonto vun de Frënn vum natur musée IBAN LU53 1111 0746 5259 0000