Agenda

(den Agenda brauch e puer Sekonnen fir ze lueden)

Jan
12
Sun
Geckeg Vullen @ naturemusee
Jan 12 @ 10:30 – 12:00
Geckeg Vullen @ naturemusee

Am Kader vun der neier Ausstellung vum natur musée „Geckeg Vullen“ invitéieren d’Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle op eng Spezialféierung mam Claude Heidt, Commissaire vun der Ausstellung,

Sonndes, den 12. Januar um 10.30 Auer.

Den 10. Oktober huet déi nei temporär Ausstellung « Geckeg Vullen » hir Diren um 2. Stack vum natur musée opgemaach. De Claude Heidt, leidenschaftlechen Ornitolog a Matarbechter vum Musée, freet sech de Frënn vum natur musée bei dëser Ausstellung d’Vielfalt vun der Vullewelt ze präsentéieren, hir Entwëcklung, hirt d‘Verhalen, hirt d‘Kënnen, hir Bedeitung, hire Liewensraum, oder ganz einfach hir Schéinheet. Dës Ausstellung bitt natirlech och déi ideal Geleenheet fir op d’mannst en Deel vun der räicher ornitologëscher Sammlung vum Muséee, engem breede Public zougänglech ze maachen.

No der Féierung, géint 12.15 Auer, stousse mir zesummen op dat neit Joer un!

Umellung: Bis spéitstens Mëttwochs, den 8. Januar, entweder per mail: frenn@mnhn.lu oder per Telefon: 462233-1