Historique

D’Situatioun vum Musée Enn der 1970er, Uganks der 1980er Joren:

  • E puer Ausstellungsräim
  • Niewent Konscht a Geschicht, ass d’Naturgeschicht just eng Sektioun vun de Musées de l’Etat
  • 3 Leit schaffen a miserabele Konditiounen am Keller an um Späicher
  • E ganz moere Budget, deen et net erlaabt, sech weider z’entwéckelen oder d’Iddie vun de fräiwëllege Mataarbechter ze realiséieren.

D’Grënnung vun enger Gesellschaft

Sou kënnt et dann 1982 dozou, datt e Grupp vun Idealisten

  • Josy Huberty
  • Claude Meisch
  • Jim Meisch
  • Marc Meyer
  • Léopold Reichling
  • Norbert Stomp
  • Marc Bley

sech zesummen deet an decidéiert fir eng Gesellschaft ze grënnen mat folgenden Ziler (cf. Statuten):

  • promouvoir le rayonnement du Musée d’histoire naturelle
  • en soutenir les activités et contribuer à en enrichir les collections et l’équipement par des dons en nature ou en espèces ou par des prêts.
  • éveiller l’intérêt du public par l’organisation de conférences, d’expositions, de visites guidées, par la publication d’articles, d’études et de catalogues

Vun der éischter Stonn un si mir Member vu Natura, dem Dachverband vun de Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen.

Éischt Schrëtt

Heeschebréifer, fir de Musée weider ze bréngen, ginn un all méiglech potentiell Spender geschéckt, wéi Banken, grouss Firmen, Garagen, a.s.w., an der Hoffnung genuch Fongen zesummen ze kréien. De Musée soll anstännegt Basismaterial kréien, fir kënnen ze schaffen.

1983 kritt d’Verwaltung vum Musée eng performant Fotokopiesmaschinn.

1985 gëtt de Fonds culturel geschaaf, a vun dem Moment u kënnen Done steierlech ofgesat ginn.

Vun 1986 un kritt de Musée eng Camionnette zur Verfügung gestallt, där hiren Ënnerhalt ganz vun eis gedroe gëtt.

Et kommen nach aner Autoen, eng Remorque, e Computer fir de Service graphique (1.000.000.- Frang), eng weider Camionnette fir de Panda-Club, e Barco fir de Service éducatif, e Sequencer fir de Service vun der Populatiounsbiologie, asw…

Ënnerstëtzung vum Musée

– Bei senge Campagnen

  • D’Aktioun Karblumm mat hiren Affichen an Autocollanten (vun 1985 un);
  • D’Aktioun Weier;
  • D’Aktioun Loosst d’Päiperleke liewen;
  • a nach vill anerer.

– Bei grousse Projeten, wéi zum Beispill:

  • mat dem Engagement vun engem Spezialist fir d’Planung vum neie Musée am Hospice Saint Jean am Gronn
  • mat dem Engagement vun 3 Wëssenschaftler fir d’Realisatioun vum Projet Life/Habitats vum Ministère de l’Environnement
  • mat 4 Millioune Frang a ganz vill perséinlecht Engagement an Iwwerzeegungskraaft beim Projet Musée-Bus 2000

– Beim Kaf vu Kollektiounen

Mir hunn eenzel Conservateure finanziell ënnert d’Äerm gegraff fir wäertvoll wëssenschaftlech Kollektiounen ze kafen

  • Mineraliesammlung Pendeville
  • Een Deel vun der Frentzen- Sammlung (Gräifvullen)
  • De schéine Räer vum schwedesche Künstler Kent Ullberg an der Entrée gouf dem Naturmusée vun de Frënn geschenkt.

– Beim deegleche Fonctionnement an ëmmer da wann et keng aner Léisung gëtt

mécht onse Veräin den Intermédiaire fir enger ganzer Rei vu Leit an verschidde Servicer vum Musée eng Aarbecht ze garantéieren.

D’Amie strecke Peie vir, fir se duerno meeschtens als Subside vum Ministère erëm ze kréien (zäitweileg bis zu 10 Employée).

A fir eis Memberen

Niewent sengem Asaz fir de Musée selwer, dee vum Joer 2000 un net méi néideg ass well de Musée vun do un seng Autonomie financière krut, déi him et erlaabt och säi Buttek selwer ze geréieren, sti mir natierlech och vun Ufank un am Déngscht vun eise Memberen.

Wëssenschaftlech Konferenzen, Formatiounen, Kachcoursen, Visite guidéeë, Dages- an Nuetsausflich, an souguer Kulturreesen an d’Ausland gi regelméisseg organiséiert.

  • Senckenbergmuseum Frankfurt (1983)
  • Elsass (1993)
  • München (1994)
  • Bréissel (1994)
  • Riederalp/Schwäiz (2000)
  • Amsterdam a Leiden (2001)
  • Vogesen (2002)
  • Berlin (2002)
  • Paräis (2008)

fir nëmmen e puer grouss Momenter ze nennen,

E grousse Merci un ons ronn 540 trei Memberen an all fréier Comitésmemberen a Presidenten.

Fréier Presidenten vun den Amis

  • Claude Meisch (1982–1990)
  • Marc Bley (1991–1993)
  • Jean-Marie Mangen (1993–2002)
  • Catherine Faber (2002–2003)
  • Karin Binsfeld (2003–2004)
  • Norbert Stomp (2004–haut)