Member ginn

Wann Dir wëllt Member vun den ‘Amis du Musée National d’Histoire Naturelle’ ginn, dann iwerweist ons wgl 15 Euro (fir eng Persoun) oder 20 Euro (Famill, ab zwou Persounen) op onse Postscheckkonto:

Les Amis du Musée d’Histoire Naturelle a.s.b.l.

IBAN LU53 1111 0746 5259 0000 (CCPL)

an schéckt ons wgl Ären Numm an Är Postadress via e-mail.

Avantagen: Als Frënd vum natur musée gidd dir ëmmer direkt gewuer wat am Musée leeft, Dir sidd bei all Vernissage dobäi, Dir profitéiert vun den kulturellen an naturwëssenschaftlëchen Aktivitéiten an Exkursiounen, déi extra fir Iech am In-an am Ausland organiséiert ginn a kënnt fräi am natur musée aus- an agoen.

Natirlech stin d’Frënn vum natur musée ëmmer dem Musée zur Säit a stäipen e wann en Hëllef brauch.