Frënn vum Naturmusée

You are here:  Home > Neiegkeeten > Nuit des Amis 2024
top
English Français

Mat Knuppefreed an d’neit Joer

a Begleedung vum Mr. Science an dem Pianist Marc Schmidt

Dir sidd häerzlech invitéiert op e gesellegen Owend mat de Frënn vum natur musée,

Freides de 26. Januar um 18.30 Auer am natur musée am Gronn.

Um Programm:

  • Begréissung mat Usprooch vum President Jim Meisch

  • Naturwëssenschaftlech Experimenter mam Mr. Science.

    De Mr. Science, mat richtegem Numm Joseph Rodesch schafft beim Fonds natonal de la Recherche als Mediateur. Hie presentéiert eis deen Owend e puer super interessant naturwëssenschaftlech Experimenter.

  • Nom Aperitif geet et lëschteg weider mat typesch Lëtzebuerger Spezialitéiten, enger gudder Zopp a Pianosmusek fir matzesange mam Pianist Marc Schmidt, bekannt aus dem Café des Artistes am Gronn.

  • Schluss géint 22.30 Auer

    Mellt Iech w.e.g. un bis spéitstens den 19. Januar op eiser neier Mailadress: info@amnhn.lu

    Onkäschtebeitrag: et ass eng Invitatioun, exklusiv fir d’Frënn vum natur musée, déi hir Cotisatioun 2024 fir 1 oder 1+1 bezuelt hunn. All Don ass natierlech wëllkomm!

    Mat allerbeschte Wënsch fir dat neit Joer vum ganze Comité
« prev top next »

  info@amnhn.lu  www.amnhn.lu

top
top

Powered by CMSimple | website by Jim 2023| Login